A A A A

Infoline

40 20 80

info@shd.lu

Evénements

Cette rubrique regroupe une sélection d'événements organisés par/pour la Stëftung Hëllef Doheem respectivement en relation avec les domaines d'activités de la Fondation.

"Ne me quitte pas"-Virtrag zum Ëmgang mat Trauer a Lassloossen

Le jeudi 09 février 2012 de 20:00 à 22:00 - Festsall du Lycée classique de Diekirch 32, avenue de la Gare, L-9233 Diekirch

D’Stierwe gehéiert zum Liewen, et bleift keen hei," esou heescht et. An dach ass ee geschockt wann e Mënsch deen engem nosteet, d‘Welt plëtzlech oder no laanger Krankheet, fir ëmmer verléisst. An och wann een indirekt betraff ass, feelen engem dacks d'Wierder fir ze tréischten a bäizestoen. Och aner Verännerungen am Liewen, wéi de Verloscht vun der Aarbecht oder d‘ Trennung vum Partner, kënnen – bal d‘selwecht wéi bei engem Stierffall – en Trauerprozess ausléisen. Wat geschitt hei mat engem? Wéi fënnt een de Wee zréck an d’Liewen? Wat ass dee Moment eng Hëllef a wat net?
D’Mme Ferny Hentges vun Omega 90, den Abbé Jean-Jacques Grosber vun der Krankepastoral an de Patrick Kolb, Psychologue bei der Stëftung Hëllef Doheem, déi berufflech vill Erfahrung hunn an der Begleedung vu Leit déi am Trauer sinn, erkläre wat an engem Mënsch deen trauert – op jonk oder al – virgeet, a weise Weeër fir sech selwer oder aneren ze hëllefen.

Affiche vun der Konferenz

Fir méi Informatiounen http://www.erwuessebildung.lu/index.php/de/lo