Formation

D’Stëftung ass een agreéierte Partner fir d’Organisatioun vu professionelle Formation-continueën.

Deementspriechend bidde mir ënnerschiddlech Typpe vu Formatioune fir ënnerschiddlech Typpe vu Posten:

  • Vum Lëtzebuerger Staat unerkannten zertifiéiert Formatioune wéi zum Beispill d’Formatioun « Sensibilisatioun fir palliativ Fleeg » oder d’Formatioun « Basiscours Demenz ».
  • Weider spezifesch Formatiounen am Angebot, vun deenen eis Mataarbechter an d’Clientë profitéiere kënnen:
    • Diabetes
    • Behandele vu Wonnen
    • Péng
    • Gestioun vu Medikamenter
    • Präventioun géint d’Stierzen
    • Réck-Schoul
    • Sécher mam Auto fueren
    • Kommunikatioun
    • Stressbewältegen
    • etc.
  • Adaptéiert individuell Formatioune fir Entwécklungsprojeten a verschiddenen Domänen (Management, Administratioun, Informatik, Technik, etc.).

De Service Formation continue bitt doriwwer eraus d’Méiglechkeet fir selwer un Entwécklungsprojeten deelzehuelen an esou enges Daags interne Formateur ze ginn – esou kënnt Dir Är Erfarung an Expertise u Mataarbechter weiderginn. Nom Kollektifvertrag huet all Employé d’Recht op Formation-continueën:

  • 40 Stonnen/Joer fir Vollzäitbeschäftegter (proratiséiert u Beschäftegungszäitraum) aus der Fleeg
  • 24 Stonnen/Joer fir Employéen aus der Administratioun

Zentralverwaltung

Stëftung Hëllef Doheem
48a, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

Adress

Stëftung Hëllef Doheem
B.P. 1878
L-1018 Luxembourg

Kontakt Donnéeën

Tél.: (+352) 40 20 80
Fax: (+352) 40 20 80 -6609
Email: info@shd.lu

Am Kader vun der neier europäescher Regulatioun fir den Schutz vu perséinlechen Donnéeën (GDPR / RGPD) hu mir eis Politik vu Dateschutz an Erfaassung vu Cookien aktualiséiert. Méi Informatioun.