Callcenter

Doheem bleiwen, mat Sécher Doheem.

Mir si 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 fir Iech do. Rufft un, mir hëllefen. Fir ee Liewen a Sécherheet doheem an ënnerwee.

Wat ass Sécher Doheem?

Sécher Doheem ass een Noutruffdéngscht vun der Stëftung Hëllef Doheem. Dësen Noutruffsystem bitt eise Clienten d’Sécherheet, déi si fir d’Weiderféiere vun engem fräien an oppene Liewen doheem an ënnerwee brauchen. Sidd Dir bei Iech doheem oder hutt Dir een Ausfluch geplangt? Den Noutruffdéngscht vu Sécher Doheem begleet Iech a suergt dofir, datt Dir den Aktivitéiten am Alldag onbekëmmert an am Esprit libre nogoe kënnt. Eise Service gëtt Iech ee Sécherheetsgefill an ass am Noutfall fir Iech do.

Wéi funktionéiert Sécher Doheem?

Dir kritt een Empfänger un d’Telefonsleitung installéiert a gitt mat engem klassesche Sender (Knäppchen) equipéiert. Dëse Sender erlaabt Iech am Noutfall ee Signal auszeléisen. De Sender existéiert a Form vun engem Bracelet oder enger Ketten, kann awer och fix als Detekter (Falen, Gas, Damp, Waasser, …) installéiert ginn.

Eise mobillen Noutruffsystem, deen iwwert de Reseau vum Handy leeft an eise Client via GPS lokaliséiere kann, gëtt ee séchert Gefill, wann Dir doheem oder dobaussen ënnerwee sidd. Am Noutfall musst Dir nëmmen de roude Knäppchen drécken, fir mat eiser Noutruffzentral a Kommunikatioun ze trieden. Esou kritt Dir 7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24 gehollef!

No engem perséinlechen a detailléierten Austausch tëscht Iech an der Stëftung, gëtt gemeinsam déi beschtméiglechst Léisung gesicht, fir de Besoinen an Ärem Alldag entgéintzekommen. Déi gewënschten Apparater ginn am 2. Schrëtt vun eiser Ekipp installéiert, duerno reegelméisseg kontrolléiert an à jour gesat. All ausgeléisten Noutruff-Signal geet an d’Zentral vun Hëllef Doheem duerch. Dëst erlaabt eise Clienten eng direkt an effikass Hëllef am Fall vun engem Incident.

Mir si fir Iech do!

Eis kompetent Ekipp beréit Iech gären a fënnt gemeinsam mat Iech déi optimal Léisung, déi Äre Besoinen entsprécht.

Dir braucht méi Informatiounen?
Kontaktéiert eis um 26 32 66 oder schreift eis : secherdoheem@shd.lu

Alarm
Callcenter
ISO 9001

Zentralverwaltung

Stëftung Hëllef Doheem
48a, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

Adress

Stëftung Hëllef Doheem
B.P. 1878
L-1018 Luxembourg

Kontakt Donnéeën

Tél.: (+352) 40 20 80
Fax: (+352) 40 20 80 -6609
Email: info@shd.lu

Am Kader vun der neier europäescher Regulatioun fir den Schutz vu perséinlechen Donnéeën (GDPR / RGPD) hu mir eis Politik vu Dateschutz an Erfaassung vu Cookien aktualiséiert. Méi Informatioun.